Stëmmung bei de Salariéen am Bankesecteur ass net gutt

Mam Hannergrond vu 7 Sozialpläng vun deenen 330 Aarbechtsplaze betraff waren, maachen d’Leit sech Suergen a Gedanken ëm hir Zukunft op der Bankeplaz.

Dozou kéimen nach ëmmer méi Reglementatiounen an aner Changementer. De President Roberto Scolati gesäit nach net genee, a wat fir eng Richtung dat an den nächste Méint hi steiert. Et géif ee versichen d’Leit z’encadréieren an ze berouegen. Op der aner Säit hätt een de Sozialdialog mat den Entreprisen a mat den Delegéierten op der Plaz. Op dës Manéier géif ee probéieren déi Betraffen ze calméieren, datt si sech net ze vill negativ Gedanke maachen, well dat schliisslech och op hir Gesondheet schléit, sou de President vun der Aleba.

D’Zuele vun de Beschäftegten am Secteur waren, trotz alle Suergen a leschter Zäit, stabel. Déi Plazen, déi ofgebaut goufen, sinn op anerer Plaz nees bäi komm. De President vun der Aleba Roberto Scolati schätzt d’Zuel vun de Beschäftegten am Bankesecteur op 26.000. Dëse Chiffer géif stabel bleiwen, doduerch datt verschidde Betriber duerch d’Reglementatiounen nei Leit agestallt hätten.

Mat der Stabilitéit kéint et awer an Zukunft eriwwer sinn: Viru ronn 6 Méint war schonn iwwert de Sujet Outsourcing geschwat ginn, wou Bankdonnéeën, och Clientsdonnéeë sollen un extern Entreprisen, och am Ausland weidergeleet dierfe ginn. 3.000-4.000 Aarbechtsplaze sollen duerch de Gesetzprojet 7024 a Gefor sinn.

An der Tëschenzäit hätt d’Aleba mat deenen 2 anere Gewerkschaften eng zousätzlech Entrevue beim Minister gehat. De Minister selwer géif dat relativ positiv gesinn. Senger Meenung no wär et eng Opportunitéit, fir d’Finanzplaz fir nei Betriber op Lëtzebuerg ze bréngen. Déi Entrevue wier awer scho virun 2 Méint gewiescht, wéi oder ob d’Aleba sech géint de Projet wiert, ass net gewosst.

Aktiv kéint een net géint d’Gefor Digitaliséierung virgoen. D’Digitaliséierung géif iwwerall méi e grousse Stellewäert kréien. Et wär kloer, datt do Plaze géife verschwannen. Et géif een iwwert de Wee vu Formatiounen déi betraffe Leit, deenen hir Plaze riskéieren duerch d’Digitaliséierung ze verschwannen, probéieren anescht an hirem Betrib anzesetzen, sou de Roberto Scolati.

De Moment lafen och nach d’Verhandlungen iwwert den neie Kollektivvertrag. Ob trotzdem d’Junisprimen ausbezuelt ginn, doriwwer wier ee sech mat der ABBL bis elo nach net eens ginn.

Article de Ben Frin publié le 27/04/2017 sur rtl.lu