Sozialplang ënnerschriwwen: 93 Leit verléieren hir Plaz

De Sozialplang bei der Bank J.P. Morgan zu Lëtzebuerg ass um Mëttwoch ënnerschriwwen ginn.

Um Enn verléieren 93 Leit hir Plaz. Am Ufank war Rieds vun enger Dose méi.

D’Salariéen déi musse goen, kréien extra-legal Indemnitéiten déi gekoppelt sinn un den Alter, d’Anciennetéit oder nach d’Familljesituatioun.

RTL.lu, 19 octobre 2016.