Aleba kritiséiert: 16 Banquieren zu Lëtzebuerg verdéngen iwwer 1 Millioun Euro

D’ALEBA, d’Gewerkschaft aus dem Banken-an Assurancësecteur, reegt sech ferm op, nodeem déi europäesch Bankenautoritéit an engem Rapport festgehalen huet, dass 16 Banquieren zu Lëtzebuerg iwwer eng Millioun Euro d’Joer verdéngen.

D’Zuel hätt sech tëscht 2010 an 2013 quasi verdräifacht, vu 6 Persounen op 16 Persounen. An der Moyenne verdéngen déi “Super-Banquieren” 1.323.383 Euro pro Joer.

Dat wier eng Praxis fir déi ee sech schumme misst, an Zäiten an deene Leit entlooss ginn an d’Aarbechtskonditioune méi schlecht ginn.

 

Quell: http://www.rtl.lu/letzebuerg/704751.html#ticker