Bank Leumi mécht zou, iwwer 20 Plaze falen ewech

Dat deelt d’Gewerkschaft Aleba um Donneschdeg de Mëtteg mat.

Et wier een driwwer informéiert ginn, datt d’Bank Leumi (Luxembourg) S.A. zu Lëtzebuerg ophale wéilt. D’Aktivitéit vum « Private Banking » fir un déi Schwäizer Bank J. Safra Sarasin verkaaft ginn.

Éischten Informatioune vun der Aleba no solle vun den 30 Salariéen der just e puer iwwerholl ginn, zu nach onbekannte Konditiounen. Iwwer 20 Plazen dierften ewechfalen.

D’Aleba seet sech prett, fir am Interessi vum Personal ze handelen.

 

Publié le 26/11/2015

Source : www.rtl.lu